D'Uertschaft Wecker läit am Osten vun Letzebuerg. 5 Kilometer vun Grevenmacher. Et huet eng Fläch vun 446 ha. 2005 hat Wecker 624 Awunner, 2019 699 Awunner

 

 

 

 

 

Bekannt ass Wecker durch seng Industrie an seng Gare. Usine de Wecker war fréier déi eenzeg Fabrek an eiser Gemeng. Ewéi dun Fabrik 1995 zou gemach ginn ass, war et an eisem Duerf net einfach. Vill Leit haaten hir Arbeschtplatz verluer an et wosst keen ewéi et matt deem groussen Site virun giff goen.

Een Gléck huet sech dun een Interessent fonnt, an zwar Firma Köhl matt dem Haaptsetz zou Tréier. Elo sinn vill Firmaen op dessem Site! ( Köhl S.A., Nouvelle Luxelec, Köhl Facility, Laeis, Aviation Advisory Agency, a.v.m.....)

 

 

 

 

 

Och hun mir Coboulux, een grousst Schluechthaus. Méi iwwert Geschicht vun der Coboulux fannt dir op www.industrie.lu enner Wecker

 

An eiser aaler Schoul  ass d'Fabrik vun der Proxxon S.A. opgangen.

 

  

Eist Duerf ass stänneg um gangen ze wuessen.Populatioun geet an Lucht mee awer och eis Industrie ass net ze bremsen.

 

An enger neier Industriezone no bei der Coboulux waerten och nach e puer Firmaen bei kommen. Bis elo ass Firma Luxcuisines déi eenzeg.

Zenter Oktober 2009 ass och Poste oder besser gesoot den Bureau de Distribution Grevenmacher, Jonglenster an Ruedt Syre op Huefstréich.

 

Nirwend den Fabriken hun mir awer och een Postbüro, eng Telefonszentral, eng Schmett, eng Pizzeria an 4 Bistrots

 

   

            Telefonszentrale                 Eisen Stammlokal    as leider zou            Pizzeria Giorgio ass elo Al Treno

  

             Unterführung                  Eisen Postbüro  ass zou

 

Mir hunn ganz gut Trajetsverbindungen. Bus an Zuch sinn am Duerf . Mir hun eng Autobunnsopfahrt déi nemmen  3 Kilometer entfernt ass.

 

Waat well een méi!!!

 

1 Bistrot bleiwt eis erhaalen anzwar den Café East Side op Gare (Auberge Mary)

 

Hei e puer Fotosimpressiounen vun eisem Duerf.

 

  Wecker Kierch ennert dem Patronat vum Hl. Servatius

 

 

Déi haiteg Wecker Kierch ass schons déi drëtt a gouf 1875 gebaut. Déi fréier Kierch stoung méi wäit vir, um haitege Kierfecht. Vun 1972 bis 1973 gouf d'Kierch komplett restauréiert. D'Sakristei gouf vergréissert.

1993 gouf d'Kierch nei ugestrach. Den 11. Mee 1997 huet den Äerzbëschof Fernand Franck den nei-polychroméierten Zelebratiounsaltor konsekréiert, an dobäi Reliquië vun den hellege Märtyrer vun Tréier a vum hellege Willibrord drageluecht. De 17. September 1999 koum den Äerzbëschof nees op Wecker fir zwou nei Klacken ze weien. Zanterhier laude véier Bronzeklacken am Wecker Kierchtuerm.

 

D'Joer drop, de 9. Juli 2000, ass déi éischt Primiz an der Parkierch vu Wecker gefeiert ginn. Den 1. Juli gouf nämlech ee Wecker Jong, de Joël Santer, zum Priester geweiht.

Par

"Wecker" gouf eng éischt Kéier am Joer 780 als eng "Dépendance" vun der Abtei Iechternach ernimmt.

1570 gëtt eng Kapell ernimmt, déi den hl. Willibrord als Patréiner huet. 1723 war et awer den Hl. Servatius. Also muss eng nei Kierch gebaut gi sinn, well nëmme bei engem Neibau d'Patrozinium ka gewiesselt ginn. Zanter altershier huet Wecker zur uraler St. Martinus-Par vu Betzder gehéiert, während de Garer Qartier een Deel vun der uraler St. Andreas-Par vu Biwer war. Doduerch waren natierlech Konflikter virprogramméiert. De Kaploun vu Wecker (Duerf) huet extra missen entschiedegt ginn, well hiën an der Wecker Schoul (am Quartier Gare) Reliounsunterrecht gehaalen huet. Déi Wecker Garer sinn sonndes an d'Wecker Kierch an d'Mass gaangen, hunn hier sämtlech Sakramenter awer zu Biwer an der Parkierch empfaangen.

Paschtéier vun Wecker

  • Joseph Gonner vun Esch-Uelzescht, Paschtouer vu Wecker, 13.01.1963 - 31.08.1967

De Paschtouer Gonner war den éischten a leschte Wecker Paschtouer, deen am Paschtoueschhaus residéiert huet. Wéi hiën 1967 op Äischen versaat gouf, sollt Wecker keen eegene Paschtouer méi kréien. D'Par Wecker sollt bis 1991 vum Paschtouer vu Betzder matverwalt ginn.

  • Marcel Beck vu Méischdref, Parverwalter vu Wecker, 31.08.1967 - 08.07.1979
  • Nicolas Georges vu Koplescht, Parverwalter vu Wecker, 23.11.1979 - 10.03.1991
  • Paul Emeringer vu Schëffleng, Paschtouer vu Wecker,15.07.1991 - 12.07.2013

De Paul Emeringer gouf de 15. Juli 1991 zum Paschtouer vu Biwer a Wecker, am Mäerz 1992 zousätzlech zum Paschtouer vu Betzder, an am Hierscht 1992 zousätzlech zum Parverwalter vu Berbuerg ernannt. 2000, wéi d'Parverbänn "Maacher" a "Widdebierg" gegrënnt goufen, sollt hiën als Paschtouer vu Betzder entpflicht ginn. Zënterhir gehéiert Betzder zum Parverband "Widdebierg" a Wecker, zesummen mat de Paren Berbuerg, Biwer, Gréiwemaacher, Lelleg a Manternach, souwéi d'Filialen Bruch a Weydig aus der Par Eescheler, zum "Parverband Maacher". Moderator waren déi jeweileg Dechen vu Gréiwemaacher, déi Hären Alphonse Lichter (2000 - 2003) a Fränz Muller (2003 - 2013), an Zesummenaarbecht mam Paschtouer Paul Emeringer.

  • Claude Bache vun Hueschtert/Nidderaanwen, Dechen, 12.07.2013 -

No der Versetzung vum Dechen Fränz Muller a vum Paschtouer Paul Emeringer op Dikrech, ass nëmmen méi nach ee Geeschtlechen fir de Parverband "Maacher" zoustänneg. Den Paschtouer Paul Emeringer ass awer erem zreck an eis Gemeng komm an ennerstetzt den Dechen.

2018: Eis Par krut och een neien Numm: Par Musel a Syr Saint Jacques

 Source:wikipedia

 

 

 Wecker Gare virun der Renovatioun

 

 

Dess d'Gebei gouf vun der CFL verkaf, an zum Gleck huet den Ingenieur's Büro PROSOLUT desst Gebei kaf fir hir Büro´en dran ze machen. Sie hunn et ganz renovéiert an moderniséiert an déi historesch Punkten erhaalen. Et ass een Hikucker fir eis Duerf.

 No der Renovatioun Source Internetsäit vun Prosolut

 

 

   

 

  André Duchscher      Max Duchscher

 

  

 

  Joer 1880 Joer 1886

 

 Joer 1891 Joer 1910

 

esou ass sie haut. Méi iwwert d'Geschicht vun der Usine de Wecker fannt dir op www.industrie.lu enner Wecker.

 

  

 

  Eng aal Foto mat der Syrbreck mat vue op Schlass. dat as eng aal Postkaart.

 

An dann hei nach e puer Postkaarten vun Wecker (Merci em Greis Claude an Thelen Armand fir dess 3 flott Erennerungen un Wecker)

 

 

 

 

 

 

 

 

    Hei ass daat alt Schluechthaus

 

    

 

 

 

  

 

 

 

 

 

 

 

  

 

Ech hoffen dir konnt iech elo een klengt Bild vun eisem flotten Duerf machen!!!

Die Syr

Die Syr (luxemburgisch: Sir, französisch: Syre) ist ein 32 km langer, linker Nebenfluss der Mosel in Luxemburg.

Sie entspringt bei Syren auf einer Höhe von 320 m und verläuft dann in nordöstlicher Richtung vorbei an den Ortschaften

bevor sie bei Mertert in die Mosel fließt.

Zuflüsse

  • Trudlerbach (links), 1,7 km
  • Schleederbach (links), 0,5 km
  • Kackeschbach (links), 1,9 km
  • Birelerbach (links), 2,8 km
  • Aefelter (rechts), 1,6 km
  • Aalbach (links), 3,7 km
  • Bouneschbach (links), 3,6 km
  • Kuelesbach (links), 0,5 km
  • Roudemerbach (links), 3,6 km
  • Buusbach (links), 1,5 km
  • Flepsbach (links), 2,0 km
  • Fluessweilerbach (rechts), 6,0 km
  • Biwerbach (links), 3,9 km
  • Faulbich (rechts), 1,3 km
  • Wuelbertsbach (links), 4,4 km
  • Schlammbach (links), 3,4 km
  • Foolgruet (links), 1,8 km

 

Wecker gehört zu der Gemeine Biwer.

Biwer ist eine von 116 Gemeinden im Großherzogtum Luxemburg und gehört zum Kanton Grevenmacher.

Zusammensetzung der Gemeinde

Die Gemeinde Biwer besteht aus den Ortschaften:

  • Biwer
  • Biwerbaach
  • Boudler
  • Boudlerbaach
  • Breinert
  • Brouch

Hagelsdorf

Hei een Artikel vun mywort vum Werner Giesser iwwert d'Elefantenparade

WECKER / MITGLIED: Werner Giesser / 30.08.2013

Elefantenparade: Wecker auf Kunstwerk verewigt

Werner Giesser
 

KULTUR

Pilotprojekt der CFL - Ein Gebäude, zwei Partner und ein Ziel

Tom Arend
 

GEMEINDELEBEN